Produkter
Mir bidden Iech eng breet Pallett un regionalen Produkter mat wertvollen Inhaltsstoffer: Eis traditionell (Tudors) Geeschter wéi enner aaneren MirabellenDrepp, Poire Williams, Quetsch, Framboise oder Nelchesbiiren gin ennerstetzt vun enger doucer HunnegDrepp an dem ganz neien „Speedy“. Die héichprozenteg Spezialitéiten gin et och an flotten Fläschen fir en Cadeau oder als Remerciement.

„BigÄppel“, as den Numm fir den éischten Wain zu Letzebuerg, den aus Äppel gewonnen get. Doniewt get aus den Äppel awer och Jus/ Séisse Viiz gepresst an an praktesch Bag-in-Box´en oder Mehrwegfläschen gefellt. Well d´Äppel an klasseschen Bongerten wuessen an net gespretzt gin, schmaacht den Jus net nemmen besonnesch gudd, mee en as och nach gesond!
Holua! Den erfreschenden Sirup vun den Hielenterbléien schmaacht super mat spruddelegem Waasser oder Äppeljus. Hei um Site fannt Dir och d´Rezept fir den HoluaBubble, eng iwwerraschend Schampes-Variatioun net nemmen fir am Summer. Wann Iech niewt Béier nach néi Mix-Créatiounen afaalen, zéckt net eng Mail ze schécken. Am HoluaLikör sen all déi gesond Vitaminen an Mineralien vun den Hielenterfriichten enthaalen, an loossen sech als Kir Royal oder als Digestif genéissen. Awer elo as et dozou genug Text, nach besser dir rufft un an kommt einfach eng Kéier op Rouspert schmaachen.



Ennert eisen Produkter enerscheeden mer tëscht:

  • Tudorsgeeschter | Drëppen & Likören
  • Big Äppel | Waïn & Viiz
  • Holua | Hielenter